De Pont du Luxembourg ass eng duebel Eisebunnsbréck iwwer d'Meuse an der Sektioun Jambes an der Gemeng Namouer. Iwwer déi westlech Bréck féiert d'Streck Namur-Dinant-Givet an iwwer d'Ostbréck d'Streck Namouer-Lëtzebuerg. Et sinn Dunnebrécken aus Fachwierkträgeren. Se hunn dräi Felder déi op zwéi Bëtongspilieren déi an der Meuse stinn opleien.

De Viaduc hannen am Bild
D'Bréck vun der Streck Namouer-Lëtzebuerg vu Jambes aus gesinn

Am August 2009 gouf bekannt datt d'Brécken déi an engem schlechten Zoustand sinn, géifen ersat ginn. Dobäi géifen déi al Fachwierkträgere veschwannen an eng Bréck fir de RAVeL kéim dobäi. D'Aarbechte sollten am 1 Semester 2010 ofgeschloss sinn.[1]

Donneschdes den 2. Juni 2011 war et dunn sou wäit. Mat engem gigantesche Kran goufen déi dräi Felder vun 195 Tonnen, vum A-Gleis op der Streck vun Dinant aus hirem Leeër gehoff an op Penichë verlueden, fir oftransportéiert ze ginn. Déi nei Deeler mat engem Totalgewiicht vun 900 Tonnen, déi prett denieft louchen, goufen am Laf vun der Woch duerno agesat. Bei de ganzen Aarbechten war d'Schëfffaart op der Meuse just een Dag ënnerbonnen.[2] Enn November 2011, goufen d'Bréckendeeler vum B-Geis ersat.[3]

Déi ganz Aarbechte ginn a véier Tranchen ausgefouert a solle fir 2013 définitiv ofgeschloss sinn.

Am Juni 2012 goufen den zweeten Deel ersat, an e Feld vun där Bréck gouf versuergt an op Schaarbeek op d'Plaz vun der Schaarbeeker Gare bruecht wou den neien Eisebunnsmusée Train World am Gaang ass gebaut ze ginn.

Geschicht änneren

Der Bréck ass et am Laf vun de Joren net ëmmer gutt ergaangen. Wéi déi meescht Eisebunnsbrécken op strategesche Plazen oder Strecken hat se an den zwéi Weltkricher ze leiden. Am Éischte Weltkrich gouf se vun der eegener Arméi gesprengt, fir ze verhënneren datt déi däitsch Truppe séier konnte weiderkommen. Déi haten d'Bréck allerdéngs séier erëm gefléckt.

Am Zweete Weltkrich gouf se nees am Ufank vum Krich de 15. Mee 1940, vun de Belsch an d'Luucht gejot an erëm vun den däitsche Geniestruppe gefléckt. Den 8. Mee 1944 waren et 18 amerikanesch Marauderen déi d'Bréck bombardéiert hunn. Den Deel op der Streck Namouer-Arel ass an d'Meuse gefall a konnt net méi kuerzfristeg reparéiert ginn. D'Bréck fir op Dinant war no néng Deeg gefléckt. Den 18. August 1944 haten déi Alliéiert d'Bréck erëm am Viséier. Déi Aktioun war awer voll an d'Box gaangen, a vun den 72 Bommen déi aus grousser Héicht aus B-17 Flying Fortress erofgehäit goufen, war keng op d'Bréck gefall, mä de ganzen ënneschten Deel vun Namouer gouf zerstéiert, an et goufen iwwer 300 Doudeger. De 4. September wéi d'Wehrmacht sech zeréckgezunn huet, gouf se alt nees eng Kéier gesprengt, an alt erëm gefléckt. An der Nuecht vum 25. op de 26. Dezember huet dunn en däitsche Fliger se fir d'lescht zerbommt.

Literatur änneren

  • Le pont du Luxembourg, à Namur, dans "Ossature métallique", juillet 1950 v. 15.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Pont du Luxembourg: un géant de fer en sursis
  2. Infrabel remplace une partie du pont du Luxembourg, le pont ferroviaire qui enjambe la Meuse
  3. gesinn op der Plaz de 26. November 2011 --Les Meloures