De Pont du Gard ass eng réimesch Aqueducsbréck, déi als Boubréck iwwer de Gardon, a Südfrankräich, no bei der Uertschaft Vers-Pont-du-Gard, geet.

De Pont du Gard

E gouf am 1. Joerhonnert gebaut, fir frëscht Quellwaasser vun Uzès bis an déi réimesch Kolonie Nemausus (Nîmes) ze transportéieren. Well den Terrain hiwweleg ass, gouf den Aqueduc, meescht ënnerierdesch, gréisstendeels a Schlaangelinnen ugeluecht, ma fir iwwer de Gardon ze kommen, huet et eng Bréck gebraucht.

De Pont du Gard ass déi héchst vun de réimeschen Aqueducbrécken, an, zesumme mat der Bréck vum Aqueduc vu Segovia, eng vun den am beschten erhalenen.

E gouf 1985 an d'Lëscht vun den UNESCO-Weltierwen opgeholl.

Um Spaweck änneren

Commons: Pont du Gard – Biller, Videoen oder Audiodateien