De Pont de Louvain ass eng Bréck zu Namouer déi iwwer d'Eisebunnslinnen 125, 154 an 162, iwwer d'Nationalstrooss N4h an iwwer de Boulevard d'Herbatte féiert. Et ass déi drëtt Bréck mat deem Numm zu Namouer an de Bau gouf de 14. Abrëll 1977 fäerdeg. Se verbënnt Nationale 4, vun der Place Léopold un, op der Südsäit, mat der Nationale 91 op der Nordsäit, déi do Chaussée de Louvain heescht.

Pont de Louvain
Geographie
Land Belsch
Plaz Namouer
Koordinaten 50° 28¢10273’ N’’ 04
      52° 04.52’ O’’ {{{8}}}
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Féiert iwwer Boulevard d'Herbatte
3 Infrabel-Linnen (125, 162, 154)
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Totallängt 204 m
Felder/Béi 1 + 4×24 m + 3
Breet 33 m
Material Stol-Bëtong
Bemierkungen
Opgaangen 1977

D'Bréck, déi der Ideologie am Stroossebau vun de 70er Joren entsprécht, d. h. wa méiglech mat der Autobunn bis an d'Mëtt vun der Stad ze fueren, gouf deemno ausgeluecht an et gouf am grousse Stil gebaut.

Si ass 204 Meter laang a gouf aus virgespaantem Bëtong gebaut. Um Tablier si 6 Fuerbunne vun all Kéier 3,50 Meter, eng Mëttelsträif vu 5,5 Meter an d'Trottoiren op den zwou Säite sinn 2,50 Meter breet.

Eng Ramp mat enger Pente vu 4 % féiert 7 Meter héich iwwer de Boulevard d'Herbatte.

Am Ufank sinn eng ronn 9.700 Autoen den Dag driwwer gefuer, 2007 goufen der 30.000 gezielt.

Déi al Brécken änneren

Déi éischt Bréck änneren

Déi Bréck gouf 1863 gebaut, fir eng Barriär, z'evitéieren, déi zanter dem Bau vun der Eisebunnsstreck Charleroi-Namur an der Verlängerung vun der Porte de fer war, a Bomel mat Louvain verbonnen huet.

Nodeem 1851 déi Lécker Streck, 1858 déi Areler, an 1862 déi op Dinant derbäikomm waren, sinn am Dag eng ronn 100 Zich an der Gare vun Namouer passéiert. Dat huet mat sech bruecht datt déi Barriär, alt siwe mol an der Stonn huet missen zougemaach ginn.

Eng Bréck sollt du gebaut ginn, déi vun den desaffektéierte Festungsdeeler aus iwwer eng nei Strooss an de Quartier vun de Kasäre sollt féieren. Awer schonn deemools gouf et fir sou Projeten Oppositiounen, engersäits vun de Leit vu Bomel an Heuvy, déi keen Ëmwee wollten a Kaf huelen, an anerersäits vun der Gemeng vu Louvain déi behaapt huet eng Barriär wier besser.[1]

Bréck vun 1863 huet aus zwéin Deeler bestanen. Op der Säit vun der Place Léopold en Deel vun 53 Meter, deen iwwer déi aacht Haaptgleiser gefouert huet, an zur Säit vu Bomel en Deel vun 22 Meter, iwwer zwee Niewegleiser, an den Uschloss fir op d'Dréischeif.

1864 gouf d'Bréck mat engem Garde-corps vu Maanshéicht ekipéiert, deen aus galvaniséiertem Wellblech war.

Déi zweet Bréck änneren

Déi zweet Bréck ass den 3. Mäerz 1928 fir de Verkéier opgaangen. Et war eng Dunnebréck aus Fachwierkdunne mat variabler Héicht déi genitt waren. Si gouf vun der Société de Constructions a den Ateliers de Willebroek vu Bréissel gebaut an hat 1.383.167,24 Frang kascht. Fir de stolen Deel vun der Bréck ware 400 Tonne Stol verschafft ginn.

Referenzen änneren

  1. P.V. vun der Commission des travaux publics vum 17. Abrëll 1860: Le passage à niveau, dans les conditions indiquées, doit paraître préférable sous tous les rapports au passage au-dessus du chemin de fer sur une route en remblai de 6 m (…) Le passage au-dessus du chemin de fer au moyen d'un viaduc est plus dangereux, attendu que les voitures et cavaliers ne voudront pas s'exposer à franchir cette partie de route lors du passage des convois, quand même elle serait pourvue de garde-corps sur toute son étendue.