Pont de France
De Pont de France ass eng Bréck iwwer d'Sambre an der belscher Stad Namouer. Et ass flossof déi lescht Bréck iwwer de Floss, just viru sengem Zesummelaf mat der Meuse um Grognon.
De Pont de France lénks ënnen am Bild | |
Geographie | |
---|---|
Land | Belsch |
Plaz |
Namouer (Grognon) |
Koordinaten | 50°27'36"N, 4°52'12"O |
Funktioun | |
Benotzt als |
Strossebréck Tramsbréck (bis 1955) |
Féiert iwwer | Sambre |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Boubréck |
Längt tëscht Widderlager | 50 m |
Felder/Béi | 1 |
Breet | 17,00 m (Originalbreet) |
Héicht vum Bou | 4,65 m |
Material | Stol |
Gewiicht | 588,225 to |
Déi haiteg Bréck ass eng stole Boubréck vun 1949, déi 2019 ëm 10 Meter méi breet gemaach gouf.
Geschicht
ännerenOp der Plaz stoung zanter 1895 eng kleng Bréck fir Foussgänger a fir d'Tramslinn Namouer-Wépion-Profondeville. Déi Bréck gouf 1930 ewechgrappt a mat enger neier aus den Ateliers de Construction de Hal ersat. Dat geschouch gläichzäiteg mat den Ëmbauaarbechten op der Spëtz vun Grognon. Déi Bréck gouf am Zweete Weltkrich am Mee 1940 zerstéiert an tëscht 1948 an 1949 nees bal identesch opgeriicht. D'Rekonstruktioun gouf vun den Ateliers de Construction de Jambes-Namur gemaach, déi 1940 déi gesprengt Bréck aus dem Laf vun der Sambre geraumt hat, an all d'Elementer bei sech stockéiert hat. Sou konnt se vill Deeler nees benotzen an de Konstruktiounspräis konnt deementspriechend niddreg gehale ginn. D'Bréck gouf den 11. August 1949 vum deemolege Bauteminister Oscar Behogne, ageweit.
Technesches
ännerenDen Tablier vun der Bréck läit op 11 stole Béi mat engem Gelenk an der Mëtt, déi allkéiers 1,50 Meter vuneneen ewech stinn. Se sinn ënnereneen mat Longerone verstrieft déi 2,420 Meter vuneneen ewech leien. All déi Elementer sinn dann nach eng kéier an Z-form matenee verbonnen, sou datt een ënner Bréck eng ronn achtzeg Raute gesäit.