Woiwodschaft (Polen)

(Virugeleet vu(n) Polnesch Woiwodschaften)

Eng Woiwodschaft oder Wojewodschaft ass e polnesche Verwaltungsbezierk an iewescht administrativ Andeelungskategorie (Statistikniveau NUTS-2). De polneschen Numm województwo Kënnt vu Woiwode (Herzog), deemno waren d'Woiwodschaften historesch Herzogtemer.

Déi 16 Woiwodschaften.

Geschicht änneren

Déi aktuell 16 Woiwodschaften existéieren zanter den 1. Januar 1999. Si goufen aus deenen 49 Klengwoiwodschaften fusionéiert, déi 1975 geschaf goufen (an déi fir hiren Deel duerch d'Opsplécke vu 17 méi groussen entstane sinn, déi 1945/1950 geschaf gi waren).

Struktur änneren

D'Woiwodschaften hunn all en eegent Parlament, e Chef (Wojewoda), dee vun der Zentralregierung ernannt gëtt, an ee vum Parlament gewielte Woiwodschaftsmarschall (Marszalek).

Lëscht vun de 16 aktuelle Woiwodschaften änneren

Woiwodschaft méigl. Iwwersetzung Awunner Fläch (km²) Awunner/km² Haaptstad 1. Buschtaf
Autosplack
Fändel
Dolnośląskie (Nidderschlesien) 2.876.832 19.947 144 Wrocław D  
Kujawsko-Pomorskie (Kujawien-Pommern) 2.066.418 17.972 115 Bydgoszcz & Toruń C  
Lubelskie 2.163.437 25.122 86 Lublin L  
Lubuskie 1.008.656 13.988 72 Gorzów Wielkopolski & Zielona Góra F  
Łódzkie 2.551.633 18.219 140 Łódź E  
Małopolskie (Klengpolen) 3.282.378 15.183 216 Kraków (Krakau) K  
Mazowieckie 5.195.000 35.558 146 Warszawa (Warschau) W  
Opolskie 1.034.656 9.412 110 Opole O  
Podkarpackie (Karpatenvirland) 2.097.276 17.845 118 Rzeszów R  
Podlaskie 1.191.925 20.187 59 Białystok B  
Pomorskie (Pommern) 2.215.100 18.310 121 Gdańsk (Danzeg) G  
Śląskie (Schlesien) 4.648.961 12.334 377 Katowice S  
Świętokrzyskie (Hellegt Kräiz) 1.273.625 11.710 109 Kielce T
Warmińsko-Mazurskie 1.426.401 24.173 59 Olsztyn N  
Wielkopolskie (Grousspolen) 3.391.256 29.827 114 Poznań P  
Zachodniopomorskie (Westpommern) 1.692.355 22.892 74 Szczecin (Stettin) Z  

All Donnéeë vun 2008.[1]

Referenzen änneren

  1. http://www.stat.gov.pl/gus/45_908_PLK_HTML.htm