Allgemeng änneren

Zanter 1996 ass eng Koalitiounsregierung zu Canberra un der Muecht. Si besteet aus der Liberaler Partei an der Nationaler Partei. Haut stellt Labour-Partei d'Oppositioun duer, déi virdrun 13 Joer laang regéiert huet. Premierminister ass den John Howard.

Regierungssystem änneren

Grondsätzlech gläicht de System vun der australescher Regierungspolitik dem Modell vun de liberalen Demokratië Groussbritannien an Nordamerika. Si huet donieft awer och eege Kennzeechen.

D'Vollek wielt d'Parlament, dat an zwee gedeelt ass: d'Representantenhaus (House of Representatives) an de Senat (Senate). Déi Partei, déi d'Majoritéit am Represententenhaus huet, stellt d'Regierung.

Op Virschlag vun der Regierung ernennt de Kinnek Charles III. e Generalgouverneur. Dësen ernennt dann déi verschidde Ministeren déi him vum Premier virgeschloe ginn.

Eng Legislaturperiod dauert maximum 3 Joer.

Walsystem änneren

An Australien besteet Walpflicht. D'Representantenhaus an de Senat ginn no engem Preferenzsystem gewielt, woubäi all Kandidat enger Nummer op all Walziedel zougeuerdent gëtt.

Literatur zum Theema änneren

Um Spaweck änneren