De Begrëff Poldistanz (oder Polardistanz) bezeechent an der Astronomie de Wénkelofstand vun engem Stär zum Himmelsnordpol.
De Wénkelofstand gëtt dobäi vum Himmelsnordpol iwwer den Himmelsequator zum Himmelssüdpol vun 0° bis 180° duerchgezielt.

D'Poldistanz ass de Komplementärwénkel zu der Deklinatioun,
geneesou wéi d'Kobreet komplementär zu der geographescher Breet ass.