Mouvement luxembourgeois pour le planning familial et l'éducation sexuelle

Lëtzebuerger Asbl am Beräich vun der Familljeplanifikatioun
(Virugeleet vu(n) Planning Familial)

De Mouvement luxembourgeois pour le planning familial et l'éducation sexuelle, besser bekannt ënner dem Kierzel Planning familial, ass den Numm vun enger Lëtzebuerger A.s.b.l. déi sech ëm Familljeplanifikatioun bekëmmert. E gouf den 1. Juni 1965 gegrënnt an huet als Zil, d'(net nëmme jonk) Leit opzeklären, z'ënnersichen an ze beroden, virun allem a Saache Sexualitéit, Schwangerschaftsverhiddung a Partnerschaft.

1967 huet deen éischte Centre de Planning Familial, nom Virbild vun deem zu Bréissel, an der Stad seng Dieren opgemaach. Spéider koumen der zu Esch-Uelzecht an Ettelbréck no. Et gouf jorelaang Diskussiounen doriwwer, ob do och e Gynekolog kéint praktizéieren. Jorelaang huet de Planning sech och misse géint kierchlech Kreesser wieren, déi him virgeworf hunn, d'Famill ze zersetzen an d'Leit zur Débauche ze verféieren, dat alles, well seng laangjäreg Direktesch, d'Doktesch Marie-Paule Molitor-Peffer op RTL-Radio an direkter Sprooch Opklärungssendunge gemaach huet, a Fraen, och jonk Meedercher, beim Planning d'Pëll verschriwwe kruten.

Am éischte Joer hu genee 23 Leit (deemools wéi haut virun allem Fraen) de Planning besicht, 1970 waren et der schonn 2.000 an am Joer 2005 24.000.

Och a Frankräich, der Belsch an der Schwäiz gëtt et Associatioune mat engem Numm an enger Zilsetzung, déi bal d'selwecht sinn.

Vun 1999 bis 2015 war d'Danielle Igniti Presidentin vum Planning[1]. Duerno, am Februar 2015, huet d'Ainhoa Achutegui déi Charge iwwerholl.[2]

Um Spaweck

änneren
Commons: Family planning – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Historique um Site vum Planning archivéiert
  2. Ainhoa Achutegui succède à Danielle Igniti, paperjam.lu, 29. Januar 2015.