Als Planisphär (dréibar Stärekaart) gëtt eng Stärekaart bezeechent, déi a charakteristescher Form, d'stereographesch Projektioun, op flaachem Material projezéiert.

Planisphär, hei als dréibar Stärekaart.

Bei der Planisphär gi vum Koordinatepol aus, d'Längtegraden als riicht Linn agezeechent, d'Breetegraden awer als konzentresch Kreesser. Den Hipparchos hat entdeckt, datt sech doduerch eng wénkeltrei Ofbildung vum Himmel ergëtt, déi awer, wat ee méi wäit Pol ewechréckelt, ëmmer méi grouss Flächefehler opweist. No dem Prinzip vun der Planisphär funktionéiert och d'Astrolabium als Moossinstrument.

D'Konstruktioun vu Planisphäre fir de Stärenhimmel duerzestellen, gëtt z. B. vum Ptolemäus beschriwwen. Obwuel keng antik Planisphären erhale sinn, handelt et sech bei Exemplaren aus dem 8. bis 10. Joerhonnert méiglecherweis ëm direkt Kopië vun antike Modeller.

Déi vum Paolo dal Pozzo Toscanelli am Joer 1457 hiergestallt Weltkaart an déi 1502 bezunnen Weltkaart vum Alberto Cantino ginn och als Planisphäre bezeechent.

Haut gi Planisphären haaptsächlech fir d'Iwwersiichtduerstellung vum Himmel benotzt, z. B. an dréibare Stärekaarten oder an Himmelsvirschaue vu verschiddene Fachzäitschrëften.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren