E Pirojok ass eng Zort Paschtéit. Et si kleng Täschen aus Deeg déi mat Rëndsgehaaktes, Kabes, Kéis oder klenggeschniddene Grompere gefëllt sinn a gebak oder gebrode ginn.

Kabespirojoken
Pirojoke gefëllt mat Fleesch, Champignonen, Räis an Ënnen

Si si ganz beléift a Russland an a villen anere slawesche Länner a kënnen do als klenge Plat, Tëschemolzecht oder Bäilag mat der Hand giess ginn.

Et gëtt eng Abberzuel u Rezepter fir Pirojoken. Déi eenzel Variationen ënnerscheede sech meeschtens am Deeg oder an der Fëllung déi gebraucht gëtt.

Am Russeschen ass Pirojok den Diminutiv vu Pirogg, wat gemenkerhand souvill wéi Kuch heescht a sech och méi a sou enger Form presentéiert.

Kuckt och änneren