D'Pimpernell (Sanguisorba minor) ass eng Planzenaart bannent der Famill vun de Rosaceae.

Pimpernell
Illustratioun
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Rosales
Famill Rouseplanzen
Ënnerfamill Rosoideae
Wëssenschaftlechen Numm
Sanguisorba minor
L.

Se wiisst op sonnege Plazen, an huet dréchenen, kallekhaltegen, labberen a moere Leembuedem gär.

Et handelt sech ëm eng méijäreg, krauteg Planz, déi 20 bis 100 Zentimeter héich ka ginn. De Still ass riicht, an d'Blieder sinn ongerued gefiedert, mat 3 bis 12 Puer Fiederblieder, déi 0,5 bis 2 Zentimeter grouss an eefërmeg bis elliptesch sinn, a kleng Zacken hunn.

D'Bléie wueesen op enger Knupp uewen um Still, aus där ënnen déi männlech an uewen déi weiblech Bléien erauskommen. Déi leschtgenannt si roudelzeg a bestinn aus dënne pinselfërmegen Nuewen. Déi männlech hu kleng Kluddere mat Bléiestëbs.

D'Friichte sinn Nëssercher.

Um Spaweck änneren

Commons: Sanguisorba minor – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Käppche mat ënne männlechen, an der Mëtt zwitteregen an uewe weibleche Bléien.