Pierre Houth

lëtzebuergesche Schräiner a Gemengepolitiker

De Pierre Houth, gebuer de 26. Oktober 1759 zu Iechternach an do gestuerwen de 27. Februar 1834, war e lëtzebuergesche Schräiner a Gemengepolitiker.[1]

Pierre Houth
Gebuer 26. Oktober 1759
Gestuerwen 27. Februar 1834
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Hie war de Fils vum Jean Houth an der Elisabeth Schiren. Den 28. Abrëll 1789 hat hie sech mat der Marie Madeleine Montgenast (sic) bestuet. Hien huet an der "rue Haut-Ruisseau" (Iewescht Baach) gewunnt.[1]

Hie war Buergermeeschter vun Iechternach vum 2. Abrëll 1797[2] bis den 8. Januar 1798.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  2. Datum vun der Nominatioun no der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.