Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Museker Pierre Funck. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Funck.

De Prof. Dr. Pierre Funck, gebuer de 14. September 1963 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museker.

Pierre Funck
Gebuer 14. September 1963
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

No engem ofgeschlossene Chimiesstudium huet hie Gesank beim Professer Richard Wistreich, historesch Musekstheorie a Kompositioun beim Martin Lubenow an dem Professer Norbert Fröhlich zu Trossingen a Baden-Württemberg studéiert.

Zanter 2001 gëtt hie Coursen a Musekstheorie um Institut für Alte Musik op der Staatliche Hochschule für Musik zu Trossingen. Hien ass Matgrënner vun zwéi Gesanksensembelen, dem Ensembel Hofkapelle an dem Peñalosa-Ensembel, déi allen zwéin op Musek aus der Renaissance-Zäit spezialiséiert sinn. Hien ass och Member vum Ensembel Le Chant sur le Livre, dat sech mat der Improvisatiounspraxis vun der Renaissancemusek beschäftegt.

Zanter 2007 schafft hien och als Filmmusekskomponist.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren