Pierre Aloyse Frieden

lëtzebuergesche Politiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Deputéierte Pierre Aloyse Frieden. Fir aner Leit mam Numm Pierre Frieden, kuckt wgl. Pierre Frieden (Homonymie).

De Pierre Aloyse Frieden, gebuer de 14. Abrëll 1925 zu Mäertert a gestuerwen den 28. Abrëll 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker (CSV).[1]

Pierre Aloyse Frieden
Gebuer 14. Abrëll 1925
Mäertert
Gestuerwen 28. Abrëll 2002
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Hie war Enseignant am Lycée a vun 1978 bis 2000 Gemengeconseiller an der Stad Lëtzebuerg. Vun 1979 bis 1999 war hien Deputéierte vum Walbezierk Zentrum an der Chamber.

Hie war den Neveu vum Pierre Frieden.

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon. 2007.