Philippe Schwartz

lëtzebuergesche Museker

De Philippe Schwartz, gebuer den 23. Juli 1985 zu Lëtzebuerg, ass e Lëtzebuerger Euphonium-Spiller.

Philippe Schwartz
Gebuer 23. Juli 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker
En Euphonium

Seng musikalesch Karriär änneren

Hien huet am Alter vun 9 Joer den Euphonium entdeckt. Ugefaangen huet seng Carrière an der Euphonium/Tuba Klass am Stater Conservatoire ënner der Leedung vum Patrick Krysatis. Nodeem de Philippe 2003 den Éischte Präis am Conservatoire an ee Joer drop säi Premièresexamen am Kolléisch absolvéiert hat, huet hie sech dofir decidéiert, seng Leidenschaft, den Euphonium, zu sengem Beruff ze maachen.

Vum September 2004 un, studéiert hien an der Euphonium Klass vum international renomméierten Euphonium-Pionéier Steven Mead um Royal Northern College of Music zu Manchester. De Philippe Schwartz huet, nieft enger Rei vu Recitallen, ënner anerem als Solist mat dem Orchestre d'Harmonie de l'UGDA a mam Harmonieorchester vum Conservatoire vu Lëtzebuerg gespillt. Hien ass ausserdeem Laureat vum nationalen an internationalen Concours vun der UGDA. Vun 1999 bis 2004 huet hien Euphonium am Harmonieorchester vum Stater Conservatoire gespillt an e war 2003 Member vum International Wind Orchestra of the European Union.

De Philippe Schwartz ass zanter 1999 Member vun der Diddelenger Musek. Säi grousst Zil ass et, nieft dem Erfolleg vu senger Solo-Carrière, den Euphonium zu Lëtzebuerg méi populär ze maachen an och d'Jugend fir dat wonnerbaart Instrument ze begeeschteren. Dëst huet en, 2003, mat der Matbegrënnung vun der éischter lëtzebuergescher Euphonium/Tuba Associatioun, dem Luxembourg Tuba Consortium[1] schonn ugefaangen an d'Realitéit ëmzesetzen.

Referenzen an Notten änneren

  1. LTC, Luxembourg Tuba Consortium, Association sans but lucratif. R.C. Luxembourg F 798. Memorial C 140, 15 Februar 2005