Philippe Maystadt
De Philippe M.P.J. Maystadt, gebuer de 14. Mäerz 1948 zu Petit-Rechain, a gestuerwen de 7. Dezember 2017, war e belsche Politiker (cdH) an zanter 1989 Professer op der Université catholique de Louvain (Louvain-la-Neuve). Vum 1. Januar 2000 bis 31. Dezember 2011 war hie President vun der Europäescher Investitiounsbank (EIB).
Philippe Maystadt | |
---|---|
Gebuer |
14. Mäerz 1948 Petit-Rechain |
Gestuerwen | 7. Dezember 2017 |
Nationalitéit | Belsch |
Educatioun |
Universitéit vu Léiwen, Universitéit vun Namouer |
Aktivitéit | Universitéitsprofesser, Banquier, Politiker, Affekot, Jurist, Financier |
De Maystadt war vun 1977 bis 1991 an 1998 bis 1999 Member vun der belscher Chamber, a vun 1980 bis 1995 vum Conseil vun der Franséischer Communautéit.
Hie hat tëscht 1980 an 1998, mat Ënnerbriechungen, eng ganz Rëtsch Ministeschposten an der federaler Regierung, ë. a. fir ëffentlech Verwaltung an Ekonomie, fir de Budget, Recherche a Finanzen; hie war Wirtschaftsminister, Vizepremier, Ausseminister, Finanzminister a Minister fir Aussenhandel. Hien hat weiderhi verschidde Posten a senger Partei an an der Verwaltung vun der Wallonie.
Um Spaweck
ännerenCommons: Philippe Maystadt – Biller, Videoen oder Audiodateien |