Honoré
franséischen Zeechner a Graphiker
(Virugeleet vu(n) Philippe Honoré)
De Philippe Honoré, méi bekannt als just Honoré, gebuer de 25. November 1941 zu Vichy, a gestuerwen de 7. Januar 2015 zu Paräis, war e franséischen Zeechner a Graphiker.
Honoré | |
---|---|
Gebuertsnumm | Philippe Paul Louis Juste Honoré |
Gebuer |
25. November 1941 Vichy |
Gestuerwen |
7. Januar 2015 11. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Cartoonist, Karikaturist, Journalist, Moler |
Seng Zeechnungen, an engem holzschnëttaartege schwaarz-wäiss-Stil, goufen an enger Hellewull Zeitungen an Zäitschrëfte publizéiert, dorënner Le Monde Libération, Hara-Kiri, Globe, La Nouvelle Vie ouvrière, L'Événement du jeudi, Les Inrockuptibles, Le Magazine littéraire, Lire a Charlie Hebdo deen en 1992 mat nei gegrënnt huet.
Ausserdeem huet hie Bicher illustréiert, an och eng Bande-dessinée erausginn.
Hie gouf de 7. Januar 2015, beim Attentat op d'Redaktioun vu Charlie Hebo, zesumme mat 11 anere Leit, ermuert.
Wierker (Auswiel)
änneren- 1985: Honoré, Paris, Éd. Un bon dessin vaut mieux qu'un long discours.
- 1995: Ouvert le jour et la nuit, Text vum Rufus, Paris, Glénat, coll. "Carton noir", ISBN 2-7234-1826-X.
- 2001: Cent rébus littéraires avec leurs questions-devinettes et leurs solutions, ISBN 2-86959-557-3.
- 2003: Vingt-cinq rébus littéraires en cartes postales, 4 × 25 cartes postales: Livret 1 ISBN 2-86959-639-1, Livret 2 ISBN 2-86959-640-5, Livret 3 ISBN 2-86959-641-3, Livret 4 ISBN 2-86959-642-1.
- 2006: Cent nouveaux rébus littéraires avec leurs questions-devinettes et leurs solutions, 205 p. ISBN 2-86959-753-3.
- 2011: Je hais les petites phrases, Éd. Les Échappés. ISBN 2-35766-046-5.
Um Spaweck
ännerenCommons: Honoré – Biller, Videoen oder Audiodateien |