Phil Lynott
De Philip Parris Lynott gebuer den 20. August 1949 zu Birmingham, England; a gestuerwen de 4. Januar 1986 zu Salisbury, England war Bassist a Sänger an der éischter irescher Rockband déi international bekannt gouf.
Phil Lynott | |
---|---|
Gebuertsnumm | Philip Parris Lynott |
Gebuer | 20. August 1949 |
Gestuerwen | 4. Januar 1986 |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Irland |
Aktivitéit | Bassist, Sänger, Pianist, Lidderschreiwer, Gittarist |
Member vun | Thin Lizzy |
Hien huet ëm 1969 zu Dublin d'Rockband Thin Lizzy gegrënnt. Säi Papp war Brasilianer a seng Mam Irin. 1980 huet de Phil Lynott eng Solocarrière gestart an huet nach am selwechte Joer d'Caroline, d'Duechter vum brittesche Comedian Leslie Crowther, bestuet. Zur Gebuert vu senger Duechter huet de Phil d'Lidd Sarah geschriwwen, dat en Hit gouf, geneesou wéi 1982 Yellow Pearl.
De Phil Lynott, a senge leschte Jore staark drogenofhängeg, ass 1986 am Alter vun nëmme 36 Joer un enger Iwwerdosis Heroin an der Infirmerie vu Salisbury an England gestuerwen. Säi Graf ass zu Dublin.
Um Spaweck
ännerenCommons: Phil Lynott – Biller, Videoen oder Audiodateien |