De Peter Hinnen, gebuer den 19. September 1941 zu Zürich, ass e Schwäizer Jodler, Schlagersänger a Filmschauspiller.

Peter Hinnen
Gebuer 19. September 1941
Zürich
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Museker, Schauspiller, Sänger

Seng éischt Optrëtter hat de “Peterli” am Restaurant Kindli zu Zürich, wou hie vun de Geschwister Schmid entdeckt gouf. Hie krut e Plackevertrag bei Polydor. Mat eelef Joer huet en 1954 mat der Cornelia Froboess am Film “Die Große Starparade” vum Paul Martin de Mambo "Ro-Ro-Ro-Ro-Robinson" gespillt an 1956 spillt en am Geza von Cziffra sengem Museksfilm “Musikparade” de Paulchen.

Am meeschte Succès hat hien, nodeem e bei Ariola gewiesselt war, mat follgenden Titelen:

  • "Auf meiner Ranch bin ich König", 1962, eng Coverversioun vun “El Rancho Grande”
  • "Siebentausend Rinder", 1963
  • "Eine Rose blüht in Colorado", 1965
  • "Ich bin der König der Blauen Berge", 1966

Mëtt der achtzeger Joren huet e sech aus dem Showgeschäft zeréckgezunn an en ale Bauerenhaff zu Wattenwil am Kanton Bern.

Titele vu senge Lidder (Auswiel) änneren

  • ”Columbus-Boogie” seng éischt Single-Plack op Polydor
  • ”Rosemarie”, 1956, Polydor
  • ”Auf meiner Ranch bin ich König”, 1962, Ariola
  • ”Hü-a-hoh, alter Schimmel”, 1962, Ariola

Um Spaweck änneren