Peter Fox
De Peter Fox, gebuer den 3. September 1971 zu Berlin als Pierre Baigorry, och bekannt als Enuff a Pete Fox, ass en däitsche Reggae- an Hip-Hop-Museker.
Peter Fox | |
---|---|
Gebuertsnumm | Pierre Steffen Baigorry |
Gebuer |
3. September 1971 Berlin |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Museker, Lidderschreiwer, Museksproduzent, Rapper |
Hie gouf bekannt duerch seng Band Seeed, als Peter Fox kennt een hien awer eréischt zanter senger Solocarrière.
Liewen
ännerenA senger Kandheet huet de Peter Fox ugefaange Blockflütt a Piano ze spillen. Hie war och am Schönower Posaunenchor vertrueden. Hien huet d'Französiches Gymnasium zu Berlin besicht, huet säin Abitur allerdéngs ob enger anerer Schoul gemaach. Hien huet eng Léier als Klavierbauer gemaach, déi en awer spéider ofgebrach huet. Hien huet och nach e Musekstudium an eng Sonderschulpädagogik ugefaangen, mam Zil Sonderschullehrer fir behënnert Leit ze ginn.
2001 hat de Peter Fox eng Gesichtslähmung, déi leider ze spéit erkannt gouf an och haut nach ze erkennen ass, wann hie séngt. 1998 koum hie bei d'Popgrupp Seeed, mat där hie groussen Erfolleg hat. 2007 huet hie mat senger Solocarrière ugefaangen. Säin éischten a leschten Album Stadtaffe gouf am September 2008 parallel zur éischter Single "Alles Neu" verëffentlecht.
Et goufen nach 2 weider Singelauskopplunge verëffentlecht: "Haus Am See" an "Schwarz Zu Blau". Mat dësem Titel war hien um Bundesvision Songcountest fir Berlin vertrueden an huet däitlech déi 1. Plaz erreecht. Net all ze laang duerno huet de Peter Fox verëffentlecht, datt hie mat senger Solocarrière no senger Tournee ophale wëll, well him de Rummel ëm seng Persoun ze grouss gouf. Hie géif zeréck bei Seeed goen a mat hinnen am Joer 2010 en neien Album erausbréngen, wat am September 2012 och mam Album SEEED geschitt ass.
Discographie
ännerenAlbumen
ännerenJoer | Titel | Chartplazéierung |
---|---|---|
2008 | Stadtaffe | DE: 1 CH: 1 AT: 4 |
Singles
ännerenJoer | Titel | Chartplazéierung |
---|---|---|
2008 | Alles Neu | DE: 4 CH: 49 AT: 11 |
2008 | Haus Am See | DE: 8 CH: 16 AT: 6 |
2009 | Schwarz Zu Blau | DE: 3 AT: 36 CH: 17 |
Um Spaweck
ännerenCommons: Peter Fox – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit (de)