Peter Anich

Tirouler Bauer, Kartograph an Astronom

De Peter Anich, gebuer den 22. Februar 1723 zu Oberperfuss am Tiroul, a gestuerwen den 1. September 1766 och do, war e Bauer, Kartograph a Pionéier an der Héichbiergkartographie.

Peter Anich
Gebuer 7. Februar 1723
Gestuerwen 1. September 1766
Innsbruck
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Geograph, Kartograph
Dem Anich säi lescht Wierk vu 1766
D'Globe vum Peter Anich

Den Anich war e Bauerejong an huet bis säin 28. Liewensjoer um Bauerenhaff geschafft, ier hie bei de Jesuitten zu Innsbruck Mathematik an Astronomie studéiert huet. Hien huet en Himmels- an en Äerdglobus konstruéiert, déi haut am Tiroler Landesmusée stinn. Weider huet hien eng Kaart vun der Innsbrucker Ëmgéigend an zesumme mam Blasius Hueber en Atlas vum Tiroul mat 20 Béi (Atlas Tyrolensis) geschaf.

No him sinn déi Innsbrucker Anichstrooss, déi Grazer Anichgaass, d'Peter-Anich-Siedlung zu Bruneck an d'Geometeruewerschoul zu Bozen an och ënner anerem d'Peter Anich-Hütt[1] iwwer Rietz benannt. Den nërdleche Ramolkogel an den Ötztaleralpen dréit och säin Numm, Anichspitze. Ausserdeem gouf den eenzege Sonnenobservatoire a Südtiroul (Sonnenobservatoire Peter Anich) no him genannt.

Literatur änneren

  • Jürgen Helfricht: Das Universalgenie aus den Alpen. In: Hexenmeister und Bauernastronomen in Sachsen, Tauchaer Verlag, Taucha 1999, ISBN 3-910074-97-9, S. 42–49.
  • Otto Stolz: Anich, Peter. In: Neue Deutsche Biographie (NDB). Band 1, Duncker & Humblot, Berlin 1953, ISBN 3-428-00182-6, S. 297 f. (Digitalisat).
  • Constantin von Wurzbach: Anich, Peter. In: Biographisches Lexikon des Kaiserthums Oesterreich. 1. Theil. Universitäts-Buchdruckerei L. C. Zamarski (vormals J. P. Sollinger), Wien 1856, S. 41 f. (Digitalisat).
  • Julius Löwenberg: Anich, Peter. In: Allgemeine Deutsche Biographie (ADB). Band 1, Duncker & Humblot, Leipzig 1875, S. 465.
  • Arthur Dürst: Peter Anich. Tiroler Landesmuseum Ferdinandeum, Innsbruck 1966.
  • Ein Tyroler Bäuerlein. In: Die Gartenlaube. Heft 44, 1862, S. 693–694 (Volltext [Wikisource]).
  • Hans Kinzl (Hrsg.): Peter Anich 1723–1766: der erste „Bauernkartograph“ von Tirol: Beiträge zur Kenntnis seines Lebenswerkes. Wagner, Innsbruck 1976 (= Tiroler Wirtschaftsstudien, 32) ISBN 3-7030-0040-9
  • Hanspeter Fischer: Vermessungen und Kartierungen in Tirol und in Vorderösterreich, 1760 bis 1793. In: Cartographica Helvetica, Heft 19 (1999) S. 37–45. doi:10.5169/seals-10771.
  • Rudolf Henz: Peter Anich, der Sternsucher. Amandus-Verlag, Wien 1946.

Um Spaweck änneren

Commons: Peter Anich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Foto vun der Peter Anich-Hütte