Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Perversioun (aus dem laténgesche vu perversus = verkéiert, falsch, schlecht) gouf wärend der Hl. Inquisitioun [Source?] agefouert a war deemools mat Heresie (Ketzerei) gläichgestallt. Méi spéit gouf den Ausdrock och am medezineschen an allgemenge Sproochgebrauch op geeschteg Stéierungen am Zesummenhank mat Sexualpraktiken a -virstellungen applizéiert, déi vun der Gesellschaft ofgeleent oder als widderwärteg a verruff betruecht goufen: Fetischismus, Exibitionismus, Masochismus, Sadismus, Pedophilie, Sodomie, Homosexualitéit, …