Paul Dukas

franséische Komponist

De Paul Dukas, gebuer den 1. Oktober 1865 zu Paräis an och do de 17. Mee 1935 gestuerwen, war e franséische Komponist vu klassescher Musek. Hien ass bekannt fir säi sinfonescht Gedicht L'Apprenti sorcier (nom Goethe sengem Gedicht Der Zauberlehrling), mä huet och ë. a. eng Oper, Ariane et Barbe-Bleue komponéiert, eng Sinfonie, eng Pianossonat an ee Ballet, La Péri. Eng jett aner Kompositioune sinn net fäerdeg ginn, well den Dukas, dee ganz streng an exigent mat sech selwer war, net zefridde mam Resultat war.

Paul Dukas
Gebuertsnumm Paul Abraham Dukas
Gebuer 1. Oktober 1865
1. Arrondissement vu Paräis
Gestuerwen 17. Mee 1935
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Paräisser Conservatoire
Aktivitéit Komponist, Choreograph, Pedagog, Musekspedagog, Universitéitsprofesser, Pianist
Member vun Académie des beaux-arts

De Paul Dukas war och Musekskritiker, a géint Enn vu sengem Liewe Professer fir Kompositioun um Conservatoire de Paris an an der École Normale de Musique.

Wierker änneren

Oper änneren

Ballet änneren

  • La Péri, poème dansé (1911), bei dat 1912 Fanfare pour précéder La Péri derbäikoum

Orchestermusek änneren

Vokalmusek änneren

  • Air de Clytemnestre,fir Stëmm a klengen Orchester (1882)
  • Chanson de Barberine, fir Sopran an Orchester (1884)
  • La fête des Myrthes, fir Chouer an Orchester (1884)
  • L'ondine et le pêcheur, fir Soopran an Orchester(1884)
  • Endymion, Kantant fir dräi Solo-Stëmmen an Orchester (1885)
  • La vision de Saül, Kantant fir dräi Solo-Stëmmen an Orchester (1886)
  • La fleur, fir Chouer an Orchester (1887)
  • Hymne au soleil, fir Chouer an Orchester (1888)
  • Velléda, Kantat fir dräi Solostëmmen an Orchester (1888)
  • Vocalise-étude (alla gitana), fir Stëmm a Piano (1909)
  • Sémélé, Kantat fir dräi Solostëmmen an Orchester (1889)
  • Amours, sonnet de Ronsard fir Stëmm a Piano (1924)

Musek fir Piano änneren

Kammermusek änneren

Soss änneren

  • Fugue à quatre voix (1888)

Literatur änneren

  • Simon-Pierre Perret et Marie-Laure Ragot, Paul Dukas, Paris, Fayard, 2007
  • Bénédicte Palaux-Simonnet, Paul Dukas, Genève, Éditions Papillon, 2001