Patrick Morocutti

lëtzebuergesche Sportler


De Patrick Morocutti, gebuer den 19. Februar 1968 an der Stad Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Patrick Morocutti
Gebuer 19. Februar 1968
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 191 Zentimeter
Veräin/Ekipp Union Lëtzebuerg,
Jeunesse Esch,
Union Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Tëscht dem 27. Abrëll 1988 am 7. Februar 1996 huet de Patrick Morocutti 19-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

Vun 1986 bis 1994 huet hie fir d'Union Lëtzebuerg gespillt, duerno huet hie vun 1994 bis 2000 bei der Jeunesse Esch gespillt. An der Saison 2000/2001 huet hien erëm fir d'Union Lëtzebuerg gespillt.[3]

Referenzen änneren

  1. De Patrick Morocutti op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Patrick Morocutti op der Websäit vun European Football
  3. [1]