Pastel de Nata [pɐʃˈtɛɫ dɯ ˈnatɐ] (Pluriel: Pastéis de Nata) ass eng Täertchen aus Bliederdeeg, déi mat enger Crème aus Eegiel, Ram an Zocker gefëllt ass. Si gouf warscheinlech schonn am 18. Joerhonnert vun de Pateren aus dem Mosteiro dos Jerónimos (Hieronymus-Klouschter) zu Belém, haut e Quartier vu Lissabon, gebak. Bekannt ass, datt se zanter 1837 vun der Patisserie Casa Pastéis de Belém ënner dem Numm Pastéis de Belém verkaf ginn ass. D'Pastéis de Belém ginn traditiounsgeméis waarm zerwéiert mat Pudderzocker a Kanéil drop.

Pastéis de nata

Um Spaweck änneren

Commons: Pastel de nata – Biller, Videoen oder Audiodateien