Passe-partout (Konscht)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Passe-partout bei Konschtwierker. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Passe-partout.

E Passe-partout oder Passepartout ass an der Konscht eng Zort Rumm aus Kartong, déi op e Konschtwierk oder eng Reproduktioun geluecht gëtt. An éischter Linn déngt en dozou, en Ofstand tëscht dem (kriddeleche) Konschtwierk an dem Glas ze halen. Besonnesch bei Aquarell- oder Pastellmolereien ass e Passe-partout néideg. Eng zweet Funktioun besteet doran, ze verhënneren, datt de Konschtobjet Kontakt mat der Rumm kritt, déi hirersäits Substanzen ausdonnste kann.

Eng Foto vum Franz Liszt, an engem ovale Passe-partout.

Soss ass d'Funktioun vum Passe-partout, d'Fläch tëscht der Rumm an dem Objet opzefëllen, wann déi zwee net d'selwecht grouss sinn. Och esthetesch Grënn kënnen dozou féieren, e Passe-partout ronderëm e Bild oder eng Foto ze maachen. De Passe-partout, dee gewéinlech wäiss oder hellgro ass, ass da vu senger Faarf hier mam Bild an der Rumm ofgestëmmt.

Esthetesch Iwwerleeunge sinn och de Grond, firwat den Ausschnëtt am Passe-partout net genee an der Mëtt ass, mä den ënneschte Bord liicht méi grouss ass wéi deen ieweschten.

Um Spaweck änneren

Commons: Passepartouts – Biller, Videoen oder Audiodateien