Passe-Vite ass de Markennumm vun enger Geméismillen dee sech zu engem Begrëffsmonopol entwéckelt huet.

Eng Passe-Vite

Geschicht änneren

Den 31. Mäerz 1928, krut de Victor Simon vu Morlanwelz an der Belsch, e Patent fir d'Erfindung Passoire d'action rapide pour légumes et autres comestibles vum Ministère belge de l'industrie du travail et de la prévoyance sociale ënner der Nummer 348610. D'Mark Passe-Vite ass den 2. Mäerz 1928 agedroe ginn an déi éischt international Registréierung war den 18. November 1929.

« Si l'on adopte cet appareil pour des travaux culinaires, on peut arriver en une minute à y faire passer la quantité de légumes qui est nécessaire pour un repas de huit personnes, et ce avec toute facilité, sans l'inconvénient de faire passer du même coup les peaux et parties coriaces (haricots, tomates, etc) grâce au ressort qui exerce sa compression vers le bas. Le dispositif est en outre très solide, et se prête au traitement de n'importe quel comestible, purées, compotes, préparation de pâtisseries et ainsi de suite », steet an der Introduktioun vum Brevet.

D'industriell Benotzung vun dëser Erfindung fänkt 1929 un, wéi de Victor Simon den Denis Richard begéint an him d'Hallschent vu sengem Erfindungspatent a senge Perfektionéierungspatenter fir 100 Belsch Frang iwwerdréit. Si grënnen den 31. Mäerz 1929 eng Gesellschaft mam Numm "Simon et Denis" där hiren Zweck et ass fir "la fabrication et la vente d'articles de ménage en général et, en particulier, l'exploitation des brevets n° 275276, 351911, 279509, se rapportant à une passoire mécanique d'action rapide pour soupe, légumes, etc de la marque « Passe-Vite », perfectionnement n° 348610". D'Entrepise ass 1935 eng Aktiegesellschaft ginn a op Carnières (Belsch) geplënnert. D'Kapital vun der Firma gehéiert gréisstendeels dem Fabrécksdirekter, dem Comptabel an de Reesender.

D'Firma huet de 6. Mäerz 1978 Faillite gemaach, 50 Joer no der Erfindung vun der Passe-Vite, obwuel s'an der Tëschenzäit aner Produiten hunn an hirem Katalog: eng Geméismille mat engem Still fir erauszehuelen, eng Geméisrapp, eng Kéisrapp, eng Kaffismille vun der Mark PAVI, en elektresche Mixer, etc. Hire Reklammsslogan ass bliwwen an huet seng Quellen an der Beschreiwung vun der Erfindung: « Passe-Vite est une passoire mais toutes les passoires ne sont pas des Passe-Vite ».

Um Spaweck änneren