Partei vun der nationaler Solidaritéit

D'Partei vun der nationaler Solidaritéit war eng lëtzebuergesch politesch Partei, déi 1968 vum Jean Reisdoerfer gegrënnt gi war.

Dës geschouch aus Protest dogéint, datt fir d'virgezunne Chamberwale vum 15. Dezember 1968 de Mouvement indépendant populaire, wouvun de Reisdoerfer Deputéierte war, mat der Demokratescher Partei (DP) fusionéiert huet.[1],[2] De Jean Reisdoerfer war géint déi Fusioun.

Bei de Wale krut d'Partei vun der nationaler Solidaritéit awer just 0.4% vun de Stëmmen a kee Sëtz[1],[3], wourop hi se opgeléist gouf.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Luxembourg. Inter-Parliamentary Union, 2000.
  2. Roemen, R., 1995. Aus Liebe zur Freiheit: 150 Jahre Liberalismus in Luxemburg. Imprimerie Centrale, Luxembourg, S. 386-388.
  3. Kuck: Luxval: Les Élections à la Chambre des Députés (wou awer MIP amplaz Parti de la solidarité nationale steet [1]