D'Parisii waren e keltesche Stamm aus der Eisenzäit, dee bis zu der Zäit vum réimeschen Imperium um Bord vun der Seine gelieft huet. Hir gréisst Stad (Oppidum) war Lutetia Parisiorum, déi ënner de Réimer - ënner dem Numm Lutetia - e wichtegt Zentrum vun dëser Regioun ginn ass. Heiraus ass spéider d'Stad Paräis entstanen.

Goldmënz vun de Parisii, zirka 100-50 v. Chr.,
Musée Carnavalet, NM 4

Wärend dem Galliefeldzuch vum Julius Caesar (De Bello Gallico) hunn d'Parisii un der Säit vum Vercingetorix géint d'réimesch Eruewerer gekämpft. Et ass méiglech, datt verschiddener vun hinnen no der Néierlag a Britannien geflücht sinn. Méi warscheinlech ass et allerdéngs, datt si scho virdrun, wärend der belscher Immigratioun iwwer d'Mier ausgewandert sinn.

D'réimesch-brittesch Parisii-Stämm an der Géigend vun Ost Yorkshire an Humberside a Britannien stame mat grousser Sécherheet vum keltesche Stamm of.

D'Begriefnesritualer vu béide Stämm ënnerscheede sech nëmme minimal, an d'Arras Kultur, déi ronderëm East Yorkshire an der fréier La-Tène-Zäit gewunnt huet, weist eendeiteg kontinental Aflëss. Begriefnesser, bei deenen de Verstuerwenen an e Gefier nieft eng quadratesch Schubbkar geluecht gouf, goufen a béide Regioune fonnt.

Literatur zum Theema änneren

  • Venceslas Kruta, Les Celtes, histoire et dictionnaire, Robert Laffont, Paräis.

Um Spaweck änneren

Commons: Parisii – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikisource: De Bello Gallico – Quellentexter
  Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.