Paräisser Plazen a Stroossen

  Haaptartikel zu dësem Theema: Paräis 

Zu Paräis, der Haaptstad vu Frankräich, gëtt et eng jett kuckeswäert Plazen a Stroossen.

Éischt urbanistesch relevant Mesure goufen zu Paräis um Ufank vum 17. Joerhonnert vum Kinnek Henri IV. getraff, wéi zwou vun den am Ganze fënnef sougenannte "Places royales" gebaut goufen.

Place des Vosges

Déi quadratesch Place des Vosges (1605-1611), fréier Place Royale, am Marais (4. Arrdt.) bitt en eenzegaartegen Ensembel deen zou ass, an aus Gebaier aus Zillen an Hasteng besteet, am Stil vum fréie 17. Joerhonnert. Op der Mëtt vun der Plaz steet eng Reiderstatue vum Louis XIII.

Zu der selwechter Zäit ass am selwechte Stil déi dräieckeg Place Dauphine (1607-1612) un der ëstlecher Spëtzt vun der Île de la Cité (1. Arrdt.), no de Pläng vu Louis Métezeau a Jacques II. Androuet Du Cerceau entstanen. D'Achs vun der Plaz, vun där spéider en Drëttel zerstéiert gouf, léisst duerch eng Ëffnung am Westen e Bléck op de Pont Neuf an op d'Reiderstatue vum Henri IV. fräi.

D'Place des Victoires (1675), mat engem ronne Grondrëss, gouf op Initiativ vum Courtisan François d'Aubusson de la Feuillade no de Pläng vum Jules Hardouin-Mansart zu Éiere vum Sonnekinnek Louis XIV. gebaut, fir sengem Standbild vum Desjardins e würdege Kader ze ginn. Dëst Standbild gouf an der Revolutioun zerschloen, an eréischt 1822 duerch dat haitegt Reiderstandbild vum Bosio ersat. Hei, geneesou wéi op den anere Places royales huet den hellgiele Quadersteen dee bis dohi gewinnte Baksteen ersat.

Och d'Place Vendôme (1690-1720), déi nach an hirem ursprénglechen Zoustand erhalen ass, gouf zu Éiere vum Louis XIV. ugeluecht. D'Pläng fir dës Plaz huet op en Neits de Jules Hardouin-Mansart geliwwert. Fréier stoung och hei e Reiderstandbild, wat wéi déi meescht Biller vum franséische Kinnekshaus, der Revolutioun zum Affer gefall ass. Dëst huet dem Napoleon d'Geleenheet ginn, hei 1806 als Erënnerung un d'Schluecht vun Austerlitz eng 44 Meter héich Triumphsail bauen ze loossen.

Champs-Élysées

Déi zanter 1755 ugeluechte Place de la Concorde sollt déi gréisst a lescht Place royale vu Paräis ginn, mä dës Plaz gouf ni fäerdeggebaut. Wärend der Revolutioun gouf d'Plaz a Place de la Révolution ëmbenannt, an amplaz vun der Reiderstatue vum Louis XV. stoung do d'Guillotine, wou am Joer 1793 de Louis XVI. an d'Kinnigin Marie-Antoinette gekäppt goufen. Zanter 1836 gëtt d'Plaz vum 23 Meter héijen Obelisk vu Luxor dominéiert. Donieft stinn zwéi Sprangbure vum Jakob Ignaz Hittorff.

Op der Place de la Concorde fänkt och d'Prunk a Paradestrooss Avenue des Champs-Élysées, eng vun de groussen a berüümte "Weltstroossen". Si ass 1,5 Kilometer laang an 71 Meter breet, a bild d'Käerstéck vum Axe historique, enger Achs déi am Bannenhaff vum Louvre ufänkt, iwwer d'Tuileriegäert, d'Place de la Concorde an den Arc de Triomphe bis zu der Grande Arche an doriwwer eraus geet. Wéi ënner dem Louis XIV. vum Haffgäertner André Le Nôtre déi éischt Beem un de Champs-Elysées geplanzt goufen, ass d'Strooss nach duerch fräi Felder gaangen. Déi beléifte Promenad mat villen deiere Geschäfter war eng Stroossekette vun de Boulevarden, déi seele mat hiren eenzelen Nimm genannt goufen, mä éischter als Les Grands Boulevards bezeechent goufen.

Um Spaweck änneren

Commons: Paräisser Plazen a Stroossen – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.