Panelux
Panelux ass eng lëtzebuergesch Groussbäckerei zu Rued-Sir.
Panelux S.A. | |
---|---|
Typ | Aktiegesellschaft[1] |
Sëtz | Zone Industrielle Rothoicht, Rued-Sir, Lëtzebuerg |
Mataarbechter | 930 (2013)[2] |
Branche | Liewensmëttelindustrie |
Produit | Bäckereiprodukter |
Homepage |
www.panelux.lu www.fischer1913.lu |
Si produzéiert Brout, Kaffiskichelcher a Pâtisserie, mä och halleffäerdeg oder déifgefruere Produkter, zum Deel fir aner Clienten, zum Deel, fir se iwwer hiert Filialnetz ("Fischer") ze verkafen. Et gëtt eng 80 Filiale vu Fischer, 12 dovun an den Nopeschlänner vu Lëtzebuerg.
D'Panelux gouf 1965 gegrënnt, an huet 1971 mat zwou anere Bäckereien, der Boulangerie industrielle de Gilsdorf S.A. anc. Joe Fischer, an der FAPRAL S.A. fusionéiert.[3]
Panelux beschäftegt ronn 1000 Leit, 450 dovun an der Produktioun, a verschafft pro Dag 110 Tonnen Deeg.
2007 louch hire Chiffre d'affaires bei 55 Mio Euro, iwwer 40% dovu gouf baussent Lëtzebuerg realiséiert.
De Jacques Linster war vun 1990 bis Enn 2013 Generaldirekter vu Panelux.[4]
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Panelux S.A. bei Paperjam Business zu Lëtzebuerg (gekuckt den 13. Mee 2015)
- ↑ Paperjam (online): «55% du chiffre à l'exportation» (7. Juni 2013)
- ↑ Den Historique vu Panelux op hirer Websäit Archivéiert de(n) 10.12.2011. Gekuckt de(n) 17.07.2011.
- ↑ Lëtzebuerger Land (online): La famille (17. Januar 2014)