D'Pai, och nach Salaire, Loun oder Gehalt genannt, ass e Paiement, deen de Patron enger Persoun déi fir hie schafft, dem Salarié, als Géigeleeschtung fir seng Aarbecht bezilt. Generell reegelt en Aarbechtskontrakt d'Aarbechtsverhältnes an och d'Pai, déi reegelméisseg bezuelt gëtt. An de meeschten europäesche Länner gëtt d'Pai all Mount op e Bankkonto iwwerwisen.

D'Bruttopai representéiert déi ganz Zomm, op déi de Salarié sengem Aarbechtskontrakt no Usproch huet, éier déi obligatoresch Ofzich wéi Steieren a Cotisatiounen ofgerechent ginn. D'Nettopai representéiert déi Zomm Suen, déi no all den Ofzich schlussendlech beim Salarié ukënnt.[1]

A verschiddene Länner, dorënner Lëtzebuerg, gëtt et ee vum Gesetz virgeschriwwene Soziale Mindestloun.

Déi véier Begrëffer Pai, Salaire, Loun a Gehalt ginn dacks als Synonym benotzt, mä ursprénglech kruten d'Salariéen an d'Beamten e fixt Gehalt, dat also all Mount dat selwecht war, an d'Aarbechter e Loun, dee jee no der Zuel vun de Stonnen, déi s'am Mount geschafft hunn, variéiert huet.[2],[3]

Referenzen änneren

  1. Definitoun Salaire um Websäit vum Insee (13. Oktober 2016)
  2. gruenderszene.de: Gehalt (gekuckt de 27. Mee 2019)
  3. merkur.de: Gehalt und Lohn: Was ist eigentlich der Unterschied? (11. Abrëll 2019)