D'Péitrussbunn war eng 5-Zoll-Miniatureisebunn am Normalspuermoossstaf 1:11 déi tëscht 2004 an 2020 am Péitrussdall an der Stad gefuer ass.

Informatiounspanneaue bei der Péitrussbunn

D'Iddi vun der Péitrussbunn war opkomm, wéi sou eng Bunn am Kader vun der Landesgartenschau zu Tréier gefuer ass. 2014 ass d'Péitrussbunn du fir d'éischt um Fouss vun der Gräinskapell gefuer. D'Schinnenetz hat eng Spuerwäit vun 127 mm an eng Längt vun 340 Meter a gouf sengerzäit vun der Stad Lëtzebuerg an engem Bëtongsbett geluecht.

D'Miniaturbunn déi vum Lëtzebuerger Dampbunnclub Rëmeleng bedriwwe gouf, war gemenkerhand vum Ouschterweekend bis Enn September allkéiers dënschdes, donneschdes, samschdes a sonndes am Nomëtteg fir Kleng a Grouss gratis am Asaz. Proprietäre vu 5”-Gefierer konnten hiert Material matbrénge fir op der Streck ze fueren.

Am Kader vun den Neigestaltung vum Park fir déi geplangt Lëtzebuerger Gaardenausstellung 2025 huet d'Plaz vun der Péitrussbunn misse fräi gemaach ginn. Se ass den 23. Mee 2020 fir d'lescht gefuer.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Péitrussbunn – Biller, Videoen oder Audiodateien