Ovaro, op Friaulesch Davar, ass eng italieenesch Uertschaft a Gemeng an der Provënz Udine an der Regioun Friul-Julesch Venetien. Ovaro läit ronn 120 km nordwestlech vun Triest, an eng 50 km vun Udine. D'Uertschaft läit op enger Héicht vu 525 Meter am Val Degano um Uwänner vum Floss Degano an de karneschen Alpen. Ronderëm leien e puer Collen a Bierger wéi de Col Gentile (2.076 m), an de Monte Volaia (2.550 m).

Ovaro
Land Italien
Regioun Friul-Julesch Venetien
Provënz Udine
Koordinaten 46°28'58,595"N, 12°51'55,400"O
Fläch 57,9 km²
Awunner 1.731 (1. Januar 2023)
Héicht 525 m
ISTAT 030067

Uertschaften an der Gemeng änneren

Agrons (Negrons), Cella (Cela), Chialina (Cjalina), Clavais (Clavaias), Cludinico (Cludini), Entrampo (Dentramp), Lenzone (Lençon), Liariis (Liaries), Luincis (Luvincàs), Luint (Luvint), Mione (Mion), Muina (Muina), Ovasta (Davasta)

Nopeschgemengen änneren

Ampezzo, Comeglians, Lauco, Prato Carnico, Ravascletto, Raveo, Sauris, Socchieve, Sutrio.

Um Spaweck änneren

 
D'Kierch vun Ovaro