Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Ouschterhues ass een Hues, deen zur Symbolfigur an eise Bräich gouf.

Ouschterhuese mat Ouschtereeër
Den Ouschterhues

Der Traditioun no bréngt en op Ouschteren de Kanner Eeër ("Ouschtereeër"), déi en doruechter verstoppt. Souwuel den Hues wéi och d'Ee sinn ural Fruchtbarkeetssymboler, déi gutt zu der Fréijoerszäit passen.

Eréischt am 17. Joerhonnert ass d'Iddi vum Ouschterhues fir d'éischt opkomm. Well den Hues am Fréijoer wann e Fudder sicht a sech sou dacks a Gäert verleeft, ass en Zesummenhang tëscht dem Opdauche vum Hues an de verstoppten Eeër gemaach ginn. Den Hues huet sech géint d'Hong duerchgesat kritt, well en e séiert Déier ass a sou d'Eeër méi séier verdeele kann.

D'Ouschteree ass wuel dat bekanntst Symbol vum Ouschterfest. Normalerweis gëtt et faarweg bemoolt oder vum Ouschterhues verstoppt.

Dacks ginn nieft den haartgekachten Héngereeër oder Schockelaseeër) och Schockelasouschterhuesen op Ouschtere verschenkt.

Um Spaweck änneren

Commons: Ouschterhues – Biller, Videoen oder Audiodateien