Ouereschlëffer (Roman)

Ouereschlëffer - Et geet esou laang bis et duer geet ass en historesche Roman vum lëtzebuergesche Schrëftsteller Jemp Schuster aus dem Joer 2021.

Et ass d'Fortsetzung vum Roman Bluttsëffer an domat den zweeten a leschten Deel vun enger Familjesaga, déi d'Geschicht iwwer 5 Generatioune bannent engem Joerhonnert, tëscht 1905 an 2005 am (fiktiven) Éisleker Duerf Grozeg erzielt.

Wourëms geet et am Roman? änneren

Ouereschlëffer erzielt den Ënnergank vun enger Duerfkultur, tëschent de Joren 1952 an 2005. Déi ural Strukture verschwannen, d'Protagonisten aus der 4. a 5. Generatioun vun de Famillje Gerber, Maltes a Birnbaum ginn aus der Baueregesellschaft vum 20. Joerhonnert an d'Globaliséierung vun den 2000er Jore katapultéiert ...

Literatur änneren

Um Spaweck änneren