Bluttsëffer - All Fra dréit hire Päckelchen ass en historesche Roman vum lëtzebuergesche Schrëftsteller Jemp Schuster aus dem Joer 2020.

Et ass den éischten Deel vun enger Familjesaga aus zwéin Deeler, déi d'Geschicht iwwer 5 Generatioune bannent engem Joerhonnert, tëscht 1905 an 2005 an engem Éisleker Duerf erzielt.

Wourëms geet et am Roman? änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Bluttsëffer erzielt d'Liewe vun de Famillje Gerber, Maltes a Birnbaum vu Grozeg (engem fiktiven Duerf) an de Joren 1905 bis 2005, woubäi de Schwéierpunkt vun dësem Band an der Period vun 1905 bis 1951 läit.

Soss änneren

D'Geschicht ass, bannent enger Kadererzielung, chronologesch opgebaut, mee awer net kontinuéierlech, et gi just iwwert déi wierklech bedeitend Momenter an Aschnëtter Dobei ginn déi eenzel Momenter ëmmer vu verschiddenen Erzieler*innen erzielt. Déi vill Erzielniveauen an d'Onzouverlässegkeet vun den Erzieler*inne sinn e literarescht Spill an esou een änlecht Spill geschitt hei och mat de Gattungen. Historesch Evenementer glidderen sech an eng fiktiv Geschicht an, déi historesch Familljechronik gëtt an der Kadererzielung zum Géigewaartsroman, mattendra verstoppt sech souguer e klenge Krimi. Duerch d'Erzielsprooch, déi zum Deel op Ausdréck oder Bräich vu fréier zeréckgräift, entsteet eng androcksvoll Authentizitéit, déi geschéckt mat den oft jorelaange Splécken tëscht den erzielten Anekdote kombinéiert gëtt. Obwuel d'Buch oft Splécken huet, ass de Schluss trotzdeem kee sougenannte „Cliffhanger“, mee et ass een däitleche Schluss.

Den zweeten Deel, mam Titel Ouereschlëffer, mat enger Beschreiwung vum Ënnergank vun där Duerfkultur, an de Joren 1952 bis 2005, koum an Abrëll 2021 eraus.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren