Ornette Coleman
US-amerikaneschen Jazzmuseker a -Komponist
De Randolph Denard Ornette Coleman, gebuer den 9. Mäerz 1930 zu Fort Worth, am Texas, a gestuerwen den 11. Juni 2015 zu New York[1], war en US-amerikaneschen Jazz-Museker (meeschtens Alt-Saxophon, geleeëntlech och Trompett a Gei) a Komponist.
Ornette Coleman | |
---|---|
Gebuer |
9. Mäerz 1930 Fort Worth |
Gestuerwen |
11. Juni 2015 Manhattan |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Komponist, Trompettist, Saxophonist, Jazzmuseker, Discographesche Kënschtler |
Member vun | American Academy of Arts and Letters |
Den Ornette Coleman gëllt als Pionéier vum Free Jazz an ass de Créateur vun den "Harmolodics".
Säi bekanntsten Album ass Free Jazz: A Collective Improvisation, dat där Richtung hiren Numm ginn huet, an dat en zesumme mam Eric Dolphy (Bassklarinett), Don Cherry (Täschentrompett), Freddie Hubbard (Trompett), Scott LaFaro (Bass), Charlie Haden (Bass), Billy Higgins (Batterie) an Ed Blackwell (Batterie) 1960 opgeholl huet.
Discographie (Auswiel)
änneren
|
|
Literatur
änneren- Peter Niklas Wilson; Ornette Coleman. Sein Leben, seine Musik, seine Schallplatten. Waakirchen: Oreos,1989. ISBN 3-923657-24-2
- John Litweiler: Ornette Coleman: A Harmolodic Life. New York: William Morrow and Company, 1992. ISBN 0-688-07212-7
- Steve Day: Ornette Coleman - Music Always. Soundworld, 2000. ISBN 1-902440-03-X
- Christian Broecking: Ornette Coleman - Klang der Freiheit. Creative People Books / Broecking Verlag, 2010. ISBN 978-3-938763-13-1
Um Spaweck
ännerenCommons: Ornette Coleman – Biller, Videoen oder Audiodateien |