Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

Originnsbezeechnunge vun Agrarproduiten a Liewensmëttel si Produktnimm, déi eng direkt geographesch Zouuerdnung erméiglechen, wéi bei den Thüringer, oder déi fest enger Regioun zouzeuerdne sinn, wéi beim Sherry.

Gebrauch an der Europäescher Unioun änneren

Originnsbezeechnunge sinn dacks Objet vu Sträitfäll, soudatt sech och d'Europäesch Unioun deem Theema ugeholl huet, an 1992 déi éischt Reegelen opgesat huet zum Schutz vu geographeschen Indicatiounen an Urspronksbezeechnunge fir Agrarproduiten a Liewensmëttel.

Nom Artikel 13 vum Reglement (CEE) Nr 2081/1992 sinn enregistréiert Denominatioune rechtlech geschützt géint all Mëssbrauch vum Numm oder Imitatioun, souguer wann déi reell Originn vum Produit uginn ass oder d'geschützten Denominatioun iwwersat oder begleet ass vun enger Expressioun wéi "Genre", "Typ" oder "no der Aart vun".

Nationalstaatlech Virbiller dofir sinn ë. a. den AOC-Sigel an der Schwäiz, a Frankräich an a Marokko.

D'EU-Gemeinschaftszeechen ënnerscheet tëscht dräi Niveauen, bei deenen et schrëttweis manner streng zougeet:

Geschützt Urspronksbezeechnung (fr. AOP) änneren

 
D'EU-Gemeinschaftszeeche fir Produite mat geschützter Urspronksbezeechnung

D'geschützt Urspronksbezeechnung seet datt Produktioun, Verschaffen an Elaboratioun vun engem Produit an engem bestëmmte geographesche Gebitt no unerkannten a festgeluechte Prozedure geschitt ass. Dozou zielt z. B. d'Parma-Ham aus Italien, de Feta-Kéis aus Griicheland oder de Schampes aus Frankräich. Grondlag fir de Gebrauch vun deem Gemeinschaftszeechen ass d'Reglement (CE) Nr 628/2008.

Aner Sproochen:

  • Däitsch Geschützte Ursprungsbezeichnung (g.U.)
  • Englesch Protected Designation of Origin (PDO)
  • Franséisch Appellation d'Origine Protégée (AOP)
  • Griichesch Προστατευόμενη ονομασία Προέλευσης (ΠΟΠ)
  • Italieenesch Denominazione d'Originn Protetta (DOP)
  • Polnesch Chroniona Nazwa Pochodzenia (CNP)
  • Spuenesch Denominación de Origen Protegida (DOP)

Geschützt geographesch Indicatioun (fr. IGP) änneren

 
D'EU-Gemeinschaftszeeche fir Produite mat geschützter geographescher Indicatioun

Fir eng geschützt geographesch Indicatioun geet et duer wann e vun de Fabrikatiounsniveauen (Produktioun, Verschaffen oder Elaboratioun) an engem bestëmmten Originnsgebitt geschitt ass. Hei z'ernimme wier notamment den Thüringer aus Däitschland. D'Attributioun vun deem Label ass haaptsächlech duerch d'Reglement (CE) Nr 628/2008 gereegelt.

Aner Sproochen:

  • Däitsch Geschützte geographische Angabe (g.g.A.)
  • Englesch Protected Geographical Indication (PGI)
  • Franséisch Indication géographique protégée (IGP)
  • Griichesch Προστατευοµενη Γεωγραϕικη Ενδειξη (ΠΓΕ)
  • Italieenesch Indicazione Geografica Protetta (IGP)
  • Polnesch Chronione Oznaczenie Geograficzne (COG)
  • Spuenesch Indicación Geográfica Protegida (IGP)

Garantéiert traditionell Spezialitéit (fr. STG) änneren

 
D'EU-Gemeinschaftszeeche fir Produiten déi als garantéiert traditionell Spezialitéit ausgezeechent goufen

D'garantéiert traditionell Spezialitéit bezeechent keng geographesch Originn, mä nëmmen eng traditionell Zesummesetzung oder eng traditionell Elaboratiounsprozedur vum Produit. Zu där Kategorie gehéiert z. B. de Mozzarella. De Gebrauch vun deem Gemeinschaftszeeche gëtt bestëmmt duerch d'Reglement (CEE) Nr 1848/1993.

Aner Sproochen:

  • Däitsch Garantiert traditionelle Spezialität (g.t.S.)
  • Englesch Traditional Speciality Guaranteed (TSG)
  • Franséisch Spécialité traditionnelle garantie (STG)
  • Griichesch Ειδικό Παραδοσιακό Προϊόν Εγγυημένο (ΕΠΠΕ)
  • Italieenesch Specialità Tradizionale Garantita (STG)
  • Polnesch Gwarantowana Tradycyjna Specjalność (GTS)
  • Spuenesch Especialidad Tradicional Garantizada (ETG)

Europäesche Regëster änneren

D'geschützt Bezeechnunge ginn an den europäesche Regëster vun de geschützten Urspronksbezeechnungen an de geschützte geographeschen Indicatiounen agedroen, dat vun der Europäescher Kommissioun als "DOOR"-Lëscht gefouert gëtt.

Lëtzebuergesch geschützt Produiten änneren

  • Botter Rose vun der Marque Nationale - geschützt Urspronksbezeechnung (zanter 13.07.2000)
  • Hunneg vun der Marque Nationale - geschützt Urspronksbezeechnung (zanter 13.07.2000)
  • gereezt Gesolpertes vun der Marque Nationale - geschützt geographesch Indicatioun (zanter 23.11.1996)
  • Schwéngefleesch vun der Marque Nationale - geschützt geographesch Indicatioun (zanter 21.06.1996)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren