Original Equipment Manufacturer

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ënner Original Equipment Manufacturer ofgekierzt OEM, versteet ee materiell oder immateriell Produkter, déi vun engem Fabrikant hiergestallt ginn, déi awer net selwer vun him an den Handel bruecht ginn. Dat ass de Fall fir vill Kategorie vu Wueren, Hardware (materiell Objeten) oder Software (Programmer). An der Informatik gëtt den OEM-Begrëff dofir vill gebraucht.

Hardware änneren

Computere ginn haut vill an Asien, meeschtens an Taiwan produzéiert, awer ënner engem aneren Numm, wéi dee vum Produzent verkaaft. Duerch den Discount, deen accordéiert gëtt, kommen onduerchsichteg Präisënnerscheeder zoustan, vun deene munnechmol d'Keefer profitéiere kënnen.

Software änneren

Méi dacks nach fënnt een de Begrëff OEM bei der Computer-Software erëm.

Microsoft z. B. verkeeft vereinfacht Versioune vu senger Software un Hardware-Produzenten, déi si dann installéiert mam Computer verkafen, oder och heiansdo sonner un hir Cliente weiderginn, an zwar zu méi bëllege Präisser, wéi wann e se géif am Handel vu Microsoft bezéien.

Och wann theoreetesch déi Software nëmmen a Verbindung mat dem betreffende Computer benotzt däerf ginn, fënnt een trotzdeem am Handel bëlleg OEM-Versioune vu Microsoft-Programmer (oder aneren), deenen hir Originnen ongewëss an hir rechtméisseg Zouloossung ëmstridden ass.

Kuckt och änneren