Ooops! Noah is Gone...

Animatiounsfilm 2015 vum Toby Genkel a vum Sean McCormack
(Virugeleet vu(n) Ooops! Den Noah ass fort)

Ooops! Noah is Gone... (lëtzebuergeschen Titel: Ooops! Den Noah ass fort) ass en Animatiounsfilm fir Kanner vun de Regisseuren Toby Genkel a Sean McCormack. Et ass eng däitsch-lëtzebuergesch-belsch-iresch Koproduktioun[1].

Ooops! Noah is Gone...
Film
Produktiounsland Däitschland
Lëtzebuerg
Belsch
Irland
Produktiounsjoer 2008-2014
Première 26. Februar 2015
Dauer 86 min
Faarf Faarweg
Format 2,35:1
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Toby Genkel
Sean McCormack
Dréibuch Mark Hodkinson, Richie Conroy, Toby Genkel, Marteinn Thorisson
Fotografie Reza Memari
Musek Stephen McKeon
Schnëtt Richard Conroy
Toby Genkel
Mark Hodkinson
Marteinn Thorisson
Produzent Emely Christians
Moe Honan
Produktiouns-
gesellschaft
Ulysses Filmproduktion
Fabrique d'Images
Skyline Entertainment
Moetion Films
Scope Pictures
Studio Rakete
Schauspiller
Englesch Versioun:
Callum Maloney
Elle Fanning
Douglas Booth
Amy Grant
Paul Tylak
Aileen Mythen
Martin Sheen
Patrick Fitzsymons
an anerer
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Titel änneren

Den ursprénglechen engleschen Titel war Ooops! Noah is Gone.... Dat ass eng Referenz op d'Geschicht vun der Arch vum Noah aus der Bibel, mee am Film selwer gëtt et keng reliéis Referenzen an den Noah kënnt och net vir[2]. Dowéinst ass de Film spéider ëmbenannt ginn: Two By Two: Ooops… The Ark Has Gone (a Groussbritannien) an All Creatures Big and Small (an den USA).

De lëtzebuergeschen Titel war Ufanks Ooops! De Noah ass fort.... An deem Titel war awer e Feeler mat der Eifeler Reegel an e gouf spéider verbessert op Ooops! Den Noah ass fort.

Den däitschen Titel ass Ooops! Die Arche ist weg... an dee franséischen Oups! J'ai raté l'arche....

Ëm wat geet et am Film? änneren

Et ass d'Enn vun der Welt an eng Sintflut kënnt. Gottseidank gouf eng Arch gebaut fir all d'Déieren... déi op der Lëscht stinn fir op dat grousst Schëff. Wéinst engem Mëssgeschéck verpassen de Finny an d'Leah de Moment wéi d'Schëff seng Rees ufänkt a bleiwe ganz eleng op festem Buedem zeréck. Si kämpfen elo drëm fir d'Flut z'wwerliewen an op d'Spëtzt vun engem Bierg ze kommen.

Accueil a Präisser änneren

De Film hat seng Weltpremière de 26. Februar 2015 beim Lux Film Fest[1].

Beim Erfurter Deutsches Kinder-Medien Festival 2015 krut de Film de "Gëllene Spatz" als beschten Animatiounsfilm[3].

De Film gouf an 170 Länner verkaaft.[2] An Däitschland ware ronn 260.000 Leit de Film kucken an en huet 1,583 Milliounen Euro verdéngt.[4]. A Frankräich ware 550.442 Leit de Film an de Kino kucken.[5]

De Film huet international méi wéi 22 Milliounen US-Dollar agespillt[6]. Dem Géigeniwwer stoung e Budget vun 8,4 Milliounen Euro.[7]

2020 ass en zweete Film erauskomm, deem säin lëtzebuergeschen Titel Ooops! Finny, wou bass de? ass.

Wat sot d'Press? änneren

Den Animatiounsfilm huet duerchschnëttlech Profi-Kriticke kritt[8],[9],[10],[11],[12],[13].

Asokan Nirmalarajah[14]:

Ein bunt animierter, aber komplett fader Abklatsch der „Ice Age“-Filme, in dem wieder mal putzige Tierhelden durch überdrehte Slapstick-Sequenzen hechten, um mehr oder weniger lehrreiche Erkenntnisse über den Wert von Familie und Freunden zu sammeln.

Thomas Sotinel, Le Monde[15]:

On trouvera dans ce tout petit film les conseils usuels à l'usage des jeunes générations : il faut tolérer la différence, ne pas renoncer devant l'obstacle, trouver sa place si elle est disponible, l'inventer dans le cas contraire. L'animation plutôt rudimentaire [...], la violence des couleurs et la musique sirupeuse ont tendance à engluer les quelques gags bien tournés dans la mélasse.

Oliver Armknecht, film-rezensionen.de[16]:

So weltbewegend wie das beschriebene Ereignis ist Oops! Die Arche ist weg sicher nicht, dafür aber ein nett umgesetztes Animationsabenteuer, das man sich unbesorgt mit seinen Kindern anschauen kann.

Stéphane Dreyfus, La Croix[17]:

Plutôt bien ficelé, le film est mené tambour battant, dans une débauche de couleurs vives. Si l'animation est parfois sommaire, l'ensemble est assez distrayant, même s’il séduira sans doute davantage les plus petits que leurs parents.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 De Film um Site vum LuxFilmFest (gekuckt den 3. Juli 2022)
  2. 2,0 2,1 abendblatt: "Ooops! 2": Tim Mälzer alswortkarges Nilpferd vum Volker Behrens (23. September 2020)
  3. wort.lu: Goldener Spatz für "Ooops! Die Arche ist weg" (8. Juni 2015)
  4. mediabiz.de: Ooops! Die Arche ist weg... (gekuckt de 4. Juli 2022)
  5. allocine.fr: Box Office du film Oups ! J’ai raté l’arche… (gekuckt de 4. Juli 2022)
  6. Statistik op boxofficemojo.com
  7. Presseheft vum Film (Däitschland)
  8. De Film op allocine.fr
  9. De Film op senscritique.com
  10. Kritik op timeout.com
  11. Kritik op thesun.com
  12. Kritik op lanacion.com
  13. Kritik op independent.co.uk
  14. Kritik op filmstarts.de (gekuckt den 3. Juli 2022)
  15. lemonde.fr: « Oups ! J’ai raté l’arche » : déluge à colorier vum Thomas Sotinel (5. Dezember 22015)
  16. film-rezensionen.de: Ooops! Die Arche ist weg vum Oliver Armknecht (27. Juli 2015)
  17. la-croix.com: « Oups ! J’ai raté l’arche », le déluge en famille vum Stéphane Dreyfus (9. Dezember 2015)