Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Onomatopee, aus dem Griicheschen onomatopoiía, dat Nimm maache bedeit, ass eng Imitatioun vun Téin, déi bei der Bildung vun neie Wierder gebraucht gëtt. Den Ausdrock gëtt och benotzt fir Wuertbildunge bei klenge Kanner ze beschreiwen, wéi "de Wauwau".

Eng Onomatopee an engem Comic vum Fern Weirich

Onomatopeeë sinn e beléift stilistescht Mëttel an de Comics.

Beispiller

änneren
  • Vullennimm (nom Klang vun hirem Ruff): Guckuck, Krukert, Uhu;
  • Verben: poufen, piipsen, jiipsen, ploppen, pénken, miauen, quaken, tuten, pësperen, ticken,...
  • Bumm, paff, kickeriki, traraa,...

Am Lëtzeburegschen

änneren

Dem Lucien Czuga no huet hien als Auteur vun der Superjhemp-Serie bei all Onomatopee praktesch e lëtzebuergescht Equivalent missen erfannen: "pësper-pësper", "perding-perdang!", "knätsch!", "uäääh!" (fir d'Kräische vun engem Kand) asw, woubäi dës generell méi no beim däitsche Virbild wéi beim franséische sinn.[1]

Literatur

änneren
  • Pierre Enckell a Pierre Rézeau: Dictionnaire des onomatopées, 2003, Presses Universitaires de France

Um Spaweck

änneren
Commons: Onomatopoeia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. "Den Toun visualiséieren." 100komma7.lu, 27. Abr 2016 - 09:40.