Den Omar Ontiveros, gebuer de 15. Mee 1995 zu Pharr (Texas), ass e fréieren US-Amerikanesche Foussballspiller.

Omar Ontiveros
Gebuer 15. Mee 1995
Nationalitéit USA
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Gréisst 188 Zentimeter
Famill
Geschwëster Martin Ontiveros

2015 hunn hien a säi Brudder Martin de Wee op Lëtzebuerg an d'Éierepromotioun fonnt,[1] den Omar goung bei den CS Gréiwemaacher, wou hie bis 2017, zwee Goler a 35 Matcher geschoss huet.[2] Säi Brudder Martin goung bei den RM Hamm Benfica.

Ier hien op Lëtzebuerg koum, hat hie fir de mexikanesche Club Santos Laguna gespillt, no sengen zwou Saisonen zu Maacher, goung hien zeréck an d'USA; bis 2018 huet hie fir den Rio Grande Valley FC Toros gespillt, a bis 2020 fir den LA Galaxy.

Seng Karriär koum de 25. September 2020 op en Enn, wéi d'US-Futtballfederatioun hie fir 10 Matcher gespaart huet, wéinst rassistesche Beleidegungen. Säi Club vu Los Angeles huet hien dunn direkt entlooss.[3]

Referenzen änneren

  1. https://www.themonitor.com/2017/05/12/pharr-native-ontiveros-makes-homecoming-signing-with-rgv-fc-toros/
  2. https://www.transfermarkt.com/omar-ontiveros/profil/spieler/381701
  3. Archive copy Gearchiveerd op 2020-09-29. Gekuckt de(n) 2020-09-29.