Okarina
Eng Okarina
Klassifikatioun Aerophon

D'Okarina ass e Museksinstrument aus der Famill vun den Aerophonen. Den Numm kënnt vum Italieeneschen ocarina, wat "kleng Gäns" heescht; dat, wéinst dem Glach vun der Form mat där vum Kapp vun enger Gäns.

Et ass en traditionellt Instrument, dat et warscheinlech schonn eng 12.000 Joer gëtt, an zwar an Afrika, wou et aus der haarder Schuel vu verschiddene Friichte gemaach gouf, an Amerika, wou et aus gebranntem Leem, an a China, wou et aus Parzeläin produzéiert gouf.

An Europa ass d'Okarina fir d'éischt opgedaucht, wéi amerindianesch Museker 1527 virum François Ier mat sou engem Instrument Dänz opgefouert hunn, mä se gouf e puer Joerhonnerte laang dono just als Kannerspillgezei ugesinn.

Eréischt ëm 1860 huet de Museker a Bäcker Giuseppe Donati déi modern Okarina, mat 10 Lächer gebaut (an hir och den nach haut geleefegen Numm ginn). Méi spéit krut se 12 Lächer, sou datt een annerhallef Oktav drop spille konnt.

Haut gëtt et der mat ënnerschiddlechen Zuele vu Lächer, a och där mat engem, zwee oder dräi Mondstécker.

Et spillt een eng Okarina, andeems een an d'Mondstéck bléist, an den Toun variéiert, jee nodeem wéi vill oder wat fir Lächer ee mat de Fangeren zouhält.

Komponiste wéi de Leoš Janáček an de György Ligeti hu s'och a Kompositioune vu klasseschen Orchesterstécker virgesinn.

Um Spaweck änneren

Commons: Ocarina – Biller, Videoen oder Audiodateien