Oekosoph ass den Numm vun engem benevole gefouerte Bistro am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg, dee sech op Gesellschaftsspiller spezialiséiert huet.

Den Oekosoph gëtt vum Mouvement écologique am Oekozenter Pafendall bedriwwen.[1] Et ginn ausschliisslech Produiten aus biologescher Landwirtschaft zerwéiert.

Dernieft gi reegelméisseg Konversatiounsowenter op Lëtzebuergesch fir auslännesch Matbierger an Owenter mat Pianosmusek organiséiert.

Vum Mäerz 2016 un kënne ronn 20 verschidden Fachzäitschrëften aus der Bibliothéik vum Oekozenter Pafendall am Oekosoph gelies ginn, an eng Bicher-Tauschkëscht erlaabt et, fir nei a gebraucht Bicher matzehuelen oder lass ze ginn.

Den Oekosoph ass zweemol an der Woch op, Mëttwochs a Freides.

Spiller änneren

Nieft Spiller a Molbicher fir Kanner stinn eng Rei vu Gesellschaftsspiller zur Verfügung:

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Adress: 6, rue Vauban. L-2663 Lëtzebuerg.