Millchen ass e Brietspill fir zwou Persounen.

E Millchebriet

Prinzip änneren

Op engem Spillbriet mat dräi Quadraten, déi anenee sinn, a bei deenen d'Säiten an hirer Mëtt mat Linne verbonne sinn, geet et drëm fir dräi Däpp no an no an eng Rei ze kréien. Dëst nennt een eng "Millchen". Huet een eng Millchen, kann een dem Géigner een Dapp (deen net an enger Millchen ass) ewechhuelen. Verluer huet, wie just nach zwéin Däpp Rescht huet.

Spilloflaf änneren

Déi zwéi Spiller leeën een nom aneren hir 9 Däppercher op d'Spillfeld: op en Eck vun engem Quadrat oder op eng Intersektioun mat der mëttelster Linn. Wa s'all um Briet leien, gëtt ofwiesselnd ee vun den eegenen Däppercher ëm een Zuch op enger vun de Linne geréckelt.

Doduerch probéiert een, selwer eng Millchen ze kréien oder de Géigner drun ze hënneren, eng ze kréien. Huet een eng Millchen, däerf en dem Géigner ee Steen ewechhuelen, deen net an enger Millche steet.

Wann ee just nach dräi Däppercher huet, kann ee "sprangen", d. h. ee vu sengen Däppercher iergendwou hisetzen. Wann ee just nëmme méi zwéin Däpp huet, d. h. selwer keng Millche méi maache kann, huet ee verluer.

Verluer ass een och, wann de Géigner een sou zougesat huet, datt een net méi wibbele kann.

Féckmillchen änneren

 
De Spiller mat de rouden Däpp huet eng "Féckmillchen"

Eng "Féckmillchen" nennt een eng Konstellatioun vun Däppercher, déi et engem erméiglecht, mat engem eenzegen Zuch vun enger Millchen an déi aner ze rëtschen, ouni datt de Géigner een drun hënnere kann.

Um Bild hei niewendrun wier dat de Spiller mat de rouden Däpp.

Um Spaweck änneren

Commons: Millchen – Biller, Videoen oder Audiodateien