Odnoklassniki
Odnoklassniki (Одноклассники - Matschüler) ass en online Kontaktnetzwierk, dat absënns a Russland an an anere fréiere Sowjetrepublike populär ass.
Et gouf am Mäerz 2006 vum Albert Popkow gegrënnt[1] a louch 2010 mat 45 Millioune registréierte Benotzer[2] op der zéngter Plaz vun de meeschtbesichten Internetsäiten a Russland[3].
De Projet gouf uganks just duerch Reklammsbannere finanzéiert. Vu Januar 2009 bis August 2010 huet awer all Neiregistréirung eng kleng Zomm kascht, zanterhier fale just nach Käschten u fir d'Notzung vu spezielle Servicer op der Säit, déi een iwwer eng Aktivéirungs-SMS bezillt[4].
2008 hunn den Albert Popkow, seng Fra Irina, Grënner an Haaptaktionären d'Majoritéit um Netzwierk un Digital Sky Technologies (Besëtzer vu Mail.ru) a Forticom verkaaft, déi elo zesummen 58% halen[5].
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Iwwer de Projet Archivéiert de(n) 18.07.2012. Gekuckt de(n) 24.06.2011.
- ↑ Eegen Informatioune vun Odnoklassniki, Stand Februar 2010
- ↑ Alexa Internet Archivéiert de(n) 18.02.2015. Gekuckt de(n) 24.06.2011.
- ↑ Lenta.ru, 31. Oktober 2008
- ↑ Vedomosti, 15. September 2008