Observatoire Kvistaberg

Den Observatoire Kvistaberg (schweedesch: Kvistabergs observatorium) ass en Observatoire an der schweedescher Gemeng Upplands-Bro, déi zu der Universitéit Uppsala gehéiert an tëscht Uppsala a Stockholm läit.

Den Observatoire vu Kvistaberg am Joer 1919

Den Observatoire war en Don vum Nils Tamm, engem Kënschtler deen a senger Jugend zu Uppsala Astronomie ënner dem Nils Christofer Dunér an dem Östen Bergstrand studéiert hat a säi ganzt Liewen e begeeschterten Amateurastronom bliwwe war. Duerch den Asaz vum Prof. Åke Wallenquist an dem Prof. Gunnar Malmquist vun der Universitéit Uppsala, gouf den Observatoire mat enger grousser Schmidt-Kamera mat enger Apertur vun engem Meter ausgeriicht. De Wallenquist gouf den éischten Direkter (1948-1970), gefollegt vum Tarmo Oja (1970-1999) an dem Claes-Ingvar Lagerkvist (1999-2007).

Am Joer 2004 huet d'Universitéit Uppsala decidéiert den Observatoire zouzemaachen. Den Terrain an d'Haaptgebäi goufen un d'Gemeng Upplands-Bro verkaf. An de Kuppele gouf an Zesummenaarbecht mat der Gemeng e Musée ageriicht, dat een 2009 ënner der Leedung vum Bengt Edvardsson opgemaach huet.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie