Observatoire Bassano Bresciano

Den Observatoire Bassano Bresciano (italieenesch: Osservatorio Astronomico Bassano Bresciano) ass en Observatoire an der Géigend vun der Gemeng Bassano Bresciano an der Provënz Brescia op enger Héicht vun 58 m. Den Observatoire gouf den 29. Abrëll 1989 offiziell ageweit, awer schonn 1983 goufen éischt Miessunge mat engem klenge Spigelteleskop vu 15 cm Duerchmiesser gemaach.

Observatoire Bassano Bresciano
MPC-Code 565
Gegrënnt 1989
Instrumenter
Teleskopen 42-cm-Schmidt-Teleskop
25-cm-Spigelteleskop
15-cm-Spigeleteleskop (ofgeschaaft)
Kameraen CCD-Kamera Starlight HX516
Geographesch Situatioun
Land Italien
Koordinaten 45°19'3"N, 10°8'4"O
Héicht 58 m


No enger laanger Period vu Fuerschung a Vermoosse vu Planéiten an Koméite läit d'Haaptaufgab vum Observatoire haut an der Photometrie vu Planéiten a Verännerleche Stären.

Instrumenter änneren

D'Haaptteleskop vum Observatoires ass e Schmidt-Teleskop mat engem 42-cm-Spigel an enger Brennwäit vun 1000 mm, dat duerch eng fënnef Meter grouss Kuppel geschützt ass. Zanter sengem Ufank 1989 gouf et ëmmer nees verbessert a kann haut komplett automatesch operéieren. Et gouf un eng CCD-Kamera vum Typ Starlight HX516 ugeschloss.

Um Spaweck änneren