Offiziell Lëtzebuerger Orthographie

(Virugeleet vu(n) OLO)

Mam Begrëff Offiziell Lëtzebuerger Orthographie (An hirer eegener Schreifweis: Ofizièl lezebuurjer ortografi) ass eng Orthographie vum Lëtzebuergesche gemengt, déi duerch den Arrêté ministériel vum 5. Juni 1946 agefouert gi war. Wéinst hire "Pappen", dem Unterichtsminister Nicolas Margue an dem Sproochwëssenschaftler Jean Feltes ass se och als Margue-Feltes-Orthographie bekannt. Dat war déi éischt "offiziell" Orthographie vum Lëtzebuergeschen.

Textbeispill an der OLO: Dem Jabo seng Kaap.

Am Géigesaz zu de virege Schreifweisen, déi versicht hunn, d'speziell Lauter vum Lëtzebuergeschen an engem däitsche Schrëftbild erëmzeginn, war d'lezebuurjer ortografi vun hirem Konzept hier konsequent phoneetesch ausgeluecht. Fir d'"algemèng gronntsèz" ze zitéieren: "Et get net derno gekukt, vou e vuurt hiirkennt, ooder vei et an ènger aanerer shprooch geshrive get. Et get nemen derno gekukt, vei et am lezebuurjeshe geshvaat get" (Et gëtt net derno gekuckt, wou e Wuert hierkënnt, oder wéi et an enger anerer Sprooch geschriwwe gëtt. Et gëtt nëmmen derno gekuckt, wéi et am Lëtzebuergesche geschwat gëtt).

D'Motivatioun dohanner war sécher och, sech sou wäit wéi méiglech vum däitsche Schrëftbild - den Zweete Weltkrich war grad eriwwer - ze distanzéieren. De Laut [ɛ] zum Beispill, deen am Däitschen als <ä> geschriwwe gëtt, gouf an der OLO mat <è> transkribéiert. "ß", "Dehnungs-h" an änleches komme keng dra vir. Dofir awer gëtt de [ʃ] (am Däitschen: <sch>) als "sh" geschriwwen, an dem Däitsche <w> entsprécht an der OLO de "v" (vuurt).

Dat ongewinnt Schrëftbild war dunn och de Grond, firwat d'OLO sou gutt wéi keng Akzeptanz fonnt huet. Se gouf an e puer Zeitungsartikele lächerlech gemaach, a kaum eng Publikatioun ass jee an hir erauskomm, obwuel se bis 1975 streng geholl déi eenzeg "richteg" war.

Schonn deen éischte Fascicule vum Luxemburger Wörterbuch, deen 1950 erauskoum, hat eng nei Schreifweis, déi vum Robert Bruch entwéckelt gi war. Och wann déi am Fong fir deen Hausgebrauch vum Dictionnaire konzipéiert war (ë. a. fir déi verschidde Lautvarianten erëmzeginn) gouf se 1975 "offizialiséiert" an huet domat d'OLO ofgeléist.

Lezebuurjer ortografi änneren

Algemèng Gronntsèz.

  • 1° Et get net derno gekukt, vou e vuurt hiirkennt, ooder vei et an ènger aanerer shprooch geshrive get.
Et get nemen derno gekukt, vei et am lezebuurjeshe geshwaat get, z. B. krich (d. Krieg), zantimééter (fr. centimètre), pulouver (e. pullover). Friem viirder, di net an t lezebuurjesht ivergaange sin an hiire frieme karakter behaalen, z. B. ofizjèl titelen an èuslènesh nim, fiir dei et kèng lezebuurjesh form get, behaalen och di friem ortografi, z. B. Stillhaltekommissar, Town Major, Travaux publics, Institut du Change - Orléans, Liverpool, Locarno, Bremerhaven. (Dat sèlwecht get to´lereiert, van en dèl fum vuurt nach friem as.)
  • 2° T ortografi séét kèngem, vei e shwèze sol, mé neme, vei en daat, vaat e shwèzt, shraive kan.
Soulaang et an der shprooch variannte get, fun déénen èèn net soe ka, vaat fer èng bèsser as vi di aaner, soulaang get et och variannten an der shreft: gemaach, gemaat, gemèèt - ech vaar, ech voor, ech voar - muurjen, muerjen, muejen. Dei rééjelen, di hai haner shti, gelen ievel an eishter lin fiir disougenannt koinè. Iver t meijlechkèèt, èusgeshprachen dialèkten zimmlech lèutgetrai ze shraive, gi mer e puur remarken zum shlus.
  • 3° Grous geshrive gin: t eisht vuurt am saaz, t nim (ievel net t atjèktiiven, di derfun hiirkomen), t ssupstantiiven an den titelen an ivershreften. Sos get ales klèng geshriven. Lezebuurch, e Lezebuurjer, t lezebuurjer shprooch, lezebuurjesh.
  • 4° Fiir t interpunksjoun get den dèitshe ssistém bèibehaal.
  • 5° T silbe gin esou getrènt, vi zesumsèzong an èusshprooch et am liichste maachen: kèng-em, in-shtruksjoun, frennt-lech, noo-per.

(…)

Auszuch aus dem Mémorial vum 7. September 1946, wou dës Ortographie beschriwwe gëtt, an deen och no hir geschriwwen ass.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren